4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons

News

Gold vir d'Campagne „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“

 

Bei de Leo Awards 2022 sinn de 6ten Oktober 2022 déi bescht Publicitéitscampagnen ausgezeechent ginn.

An der Kategorie „Non Profit Campaign“ ass Gold un d´Campagne „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“ gaangen. Dëst ass e Projet dee  vun der AVR an Zesummenaarbecht mat „Frame Art Media“ an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten realiséiert gouf.

Mir si richteg houfreg iwwer dëse Präis a soe „Frame Art Media“ ee grousse Merci fir di aussergewéinlech flott Kooperatioun.

Video

Communiqué de presse

Néien Verwaltungsrot

Download

Communiqué de presse - 05.03.2021

AVR ass do fir all Implizéiert vun engem Accident ! Onofhängeg vun engem physeschen oder psycheschem Schued....

Download

Chèque-Iwwerreechung

Den 18.01.2021 war de Germain KIRSCH (lénks op der Foto) bei ARVAL Luxembourg invitéiert a krut vun der Generaldirektesch Madamm Véronique Bourgois (riets op der Foto) dëse Chèque vun 1000.- iwwerreecht.

Eng ganz flott Initiative vun der Direktioun vun ARVAL huet et méiglech gemaach dëst Geld ze sammelen. Fir all, vun hirer Clientèle ausgefëllte Froebou, hunn si sech engagéiert eis en Forfait ze iwwerweisen. Eng effikass Méiglechkeet eng Enquête ze realiséieren a gläichzäiteg enger Associatioun ze hëllefen.

Nach eng Kéier Villmools Merci!