4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons

Philippe FABER

Schéine gudde Mëtteg alleguer zesummen,
Mäin Numm ass Philippe Faber, ech hunn 25 Joer a kommen vun Angelduerf.
Ech wäert iech dann elo och meng Geschicht erzielen.

Témoignage AVR 14.11.2015

Schéine gudde Mëtteg alleguer zesummen,Mäin Numm ass Philippe Faber, ech hunn 25 Joer a kommen vun Angelduerf.

Ech wäert iech dann elo och meng Geschicht erzielen.

De 26. Juli 1991 war ech wéi esou oft mat menger Mamm am Auto ënnerwee.
Mir stungen bei enger rouder Luucht a kuerz drop huet et eng Kéier färem geknuppt. Et ass eis een Auto mat iwwer 100 km/h hannedra gerannt.
Wéi sech spéider eraus gestallt huet, hat de Chauffeur ze vill Alkohol am Blut.
Duerch dee gewaltegen Schock vum Auto ass bei mir am Réck ee Wirbel gequetscht ginn. Wéi ech an Klinik transportéiert gouf an Dokteren no mir gekuckt hunn, stung et schnell fest dass ech fir mäi Liewen laang am Rollstull misst setzen. Fir meng Elteren war dat natierlech ee groussen Schock an fir Si huet et vun do uns geheescht mir mussen eist d’Liewen ëmstellen.

Do kann ech mengen Elteren net oft genuch Merci soen dass Si Staark genuch waren an déi grouss Challenge op sech geholl hunn. Meng Elteren hu gesot eise Bouf sëtzt zwar am Rollstull dat soll awer net heeschen dass hien keng normal Primärschoul oder Lycée ofschléissen kann. Also hat ech och eng ganz normal Kandheet an dat huet mir och gutt gedoen.

Ech muss zwar ganz éierlech soen wou ech an den Alter vun 10-11 Joer komm sinn also wou d’Pupertéit lues a lues ufänkt do hat ech et e bëssen Sat mat mengem Liewen. An de Pausen hu meng Schoulkollegen entweder Fenkiers oder Fussball zesummen gespillt an ech soutz do an konnt just nogekucken.

Doroppshinn hunn ech mech mat mengen Elteren iwwert dat Thema ënnerhal firwat ech net d’selwëscht sinn ewéi déi aner Kanner. Meng Elteren hu mir dat dunn erklärt an do wat dat fir mech ok also hunn ech einfach dat bäscht aus mengem Liewen gemaach.

Mat 12 Joer hunn ech ee ganz wichtegen Schratt fir mäin zukünftegt Liewen gemaach, an zwar hunn ech ugefaangen mat Basket spillen.

Bei de Lux Rollers waren nach méi Leit déi an der selweschter Situation waren ewéi ech. Ech konnt mech mat hinnen ausstauschen iwwer problemer schwätzen oder Si hu mir ganz einfach Rotschléi ginn wéi ech dat besser maachen kann.

De Lux Rollers muss ech och ee groussen Merci ausschwätzen, well Si hunn dat aus mir gemaach wat ech haut sinn. Bei hinnen hunn ech immens vill geléiert wat fir mäin Liewen wichteg ass. Haut sinn ech wierklech ze fridden mat mengem Liewen. Ech hunn eng fest Aarbechtsplaz, ech sinn mëttlerweil Bestued an am Fréijoer wäerten mir ufänken mat bauen.

Et soll een de Kapp nie hänke loossen well egalwéi, d’Liewen geet virun.
Et soll een einfach dat bäscht aus sengem Liewen maachen, all Sekonn genéissen well d’Liewen ass vill ze vill kuerz fir schlecht gelaunt ze sinn.

Ech soen Iech villmools Merci fir d’Nolauschtern