News
LOSCHT OP KULTUR
D’Association nationale des Victimes de la Route invitéiert Iech häerzlech op hier nächsten Sortie, eng guidéierte Visite vum MUDAM, Mëttwoch, den 22. August um 11H15.
Den Treffpunkt ass beim Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean, 3, rue Park Dräi Eechelen L-1499 Kierchbierg.
Persounen mat ageschränkter Mobilitéit sinn ganz wëllkommen.
Meld Iech bis spéitstens Freides, den 17. August um 12 Auer um 26.43.21.21.
Weideren Informatiounen op LOSCHT OP KULTUR – ENVIE D’UNE SORTIE CULTURELLE
„TOUS UNIS POUR LE BIEN DES AUTRES“
D‘Jugendhaus Leideléng organiséiert een Auto-Expositioun den 14. Juli vun 10 bis 22 Auer um Site Delta Pneus Leideléng (10 r. Jean Fischbach – z.a. am Bann, L-3372 Leudelange).
D’Association nationale des Victimes de la Route(AVR) hëlt un dëser Aktivitéit deel: vill Victimen hu sech engagéiert fir hiren Temoignage ofzeginn fir jonk Leit ze sensibiliséieren.
Persounen mat ageschränkter Mobilitéit sinn härzlech wëllkomm. Et ass fraien Entrée.
D’Expositioun ass zu Gonschten vun der AVR.