4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons

News

Interview vun eisem Präsident an eisem Vizepräsident

All 3. Weekend am November ass de Weltgedenkdag vun de Stroossenaffer. Et ass déi 25. Weltgedenkdag, leider steet och si ënnert dem Zeeche vu Covid-19. Dofir wäert d’Gedenkfeier am klengste Krees stattfannen, e Vertrieder vun der Equippe, Vertrieder vum Verwaltungsrot, e puer politesch Vertrieder an d’Presse.

Dem AVR ass et genau trotz dem Covid-19 wichteg dëse Weekend ganz besonnesch un jiddereen ze denken deen en Akzident hat.
E Samschden de Moien ass eng Sensibilisatioun op enger vun eise geféierleche Stroossen. Mëttes ass eng Zeremonie um 14:30 bei eisem Monument zu Weimericht/Jonglënster a Präsens vum Minister François Bausch, engem Vertrieder vum Familljeministère an engem Vertrieder vun der Gemeng Jonglënster.
Mir sinn immens dankbar, datt des Instanzen deen Dag vertruede sinn.
Et ass dëst en wichtegt Signal un eis Memberen.

Eise Präsident an eise Vizepräsident hunn sech am Virfeld vun eisem Dag scho mat der Thematik befaasst.
Dir fannt hei drënner hire Statement zur Sécherheet op eise Stroossen.

Interview Raymond SCHINTGEN, Präsident
Fir den Interview mam Armand JAMINET ze liesen, dréckt w.e.g. op Download.

D’Gedenkfeier gëtt gefilmt an e Sonden op eisem Site online gesat.
Mir wären iech Dankbar wann dir dëse Beitrag géingt deelen.

Fir 25 Euro kënnt Dir Member ginn an eis an eiser Aarbecht ënnerstëtzten.

Download

25. Anniversaire vu Weltdag vun de Stroossenaffer

Fir de 25. Anniversaire vum Weltdag vun de Stroossenaffer, setzt d’FEVR (European Federation of Road Traffic Victims) den Accent op de Slogan

   Erënnerung un déi Verstuerwen
   Ënnerstëtz déi Iwwerliewenden
   Besser Behandlung vun Affer no der Kollisioun 

An dësem Kader organiséiert d’AVR um Site „Lieu du Souvenir des Victimes de la Route“ zu Jonglënster, de 14. November eng Zeremonie, fir un d’Léit, déi op eise Stroossen gestuerwe wéi och deene Léit, déi blesséiert gi sinn, ze gedenken.

Wéinst de COVID-19-Moossnam gëtt dës Zeremonie dëst Joer am enkste Krees gehalen.

 

Marie-Paule MAX, Koordinatorin der "Association des victimes de la route“ im Ruhestand.

In Anwesenheit des Verwaltungsrats, der AVR-Angestellten und mehreren betroffenen Verkehrsopfern, feierte die Verkehrsopfervereinigung (AVR) am Sonntag den wohlverdienten Ruhestand ihrer langjährigen Koordinatorin.

Marie-Paule Max, von Beruf Heilpädagogin, hat mehr als zwanzig Jahre bei der SIPO, asbl (Suivi Pédagogique et Thérapeutique de jeune enfant et de sa famille ) gearbeitet, bis sie im Jahre 2007 die Koordinatorinenstelle bei der „Association des victimes de la route“ übernahm. Hier setzte sie sich, zusammen mit ihrem Team, für alle Verkehrsopfer und deren Familien ein, welche dringend die Hilfe und Unterstützung der Vereinigung benötigten.

Raymond Schintgen, der Vorsitzende der AVR, wies in seiner Abschiedsrede daraufhin, dass das „Coaching“, und zwar eine längere Betreuung von Opfern die ein Hirntrauma erleiden, stets eine Herzensangelegenheit von Marie-Paul Max war. Das regelmässige Treffen der Verkehrsopfer in den Räumen der AVR, wo man Erfahrungsberichte austauschte, war unter anderem auch eines der Hauptanliegen der „ coordinatrice “ während den 12 Jahren ihrer Amtszeit.

Der Präsident wünschte Marie-Paule Max, im Namen der Verwaltungsratsmitgliedern und der ganzen Mannschaft sowie seitens allen Verkehrsopfern, einen langen und vor allem gesunden Ruhestand. Er zeigte sich auch überzeugt, dass ihre Nachfolgerin Katrin Biltgen, die Vereinigung in ihrem Sinne weiterführen wird.

Chèqueiwwerreeschung um AVR

Den 28. August huet den Seat Club Lëtzebuergen Chéque am Wäert vun 500€ dem AVR iwwerreescht, dir d’Aktivitéiten vum AVR ze ënnerstëtzen.

Den Seat Club wuer duerch den Vice-Präsident Jim HUBERTY an den Sekretär Joe FREICHEL vertrueden. Den Präsident vum AVR Raymond SCHINTGEN wéi d’Memberen Germain KIRSCH an Carine NICKELS hunn den Chèque entgéint geholl.