News
05. Februar 2024: Meeting vun der Association Nationale des Victimes de la Route (AVR) a Blëtz a.s.b.l.
De Blëtz an d’AVR hu sech fir ee flotten a konstruktiven Austausch zesumme fonnt. Zumools an der Sensibiliséierung vun de Follgen vun engem Hiereschlag an/oder enger Kapp Verletzung hunn dës ASBLen eng parallel Missioun wou si sech gemeinsam kenne fir déi Betraffen asetzen.
De Blëtz war duerch hier Presidentin d’Chantal KELLER vertrueden a vir d’AVR wor de Charel Bruck Vizepresident vum Verwaltungsrot an d’Catherine Turmes, Chargée de Direction present.
Scheckiwwerreeschung
De 16ten Januar huet d’Banque Raiffeisen der AVR ee Scheck vu 5.000€ d’AVR (Association Nationale des Victimes de la Route) iwwerreecht. Si hunn dëst am Kader vun engem Don vun 30.000€ un divers karitativ Associatiounen gemaach.
Mir soen hinne Merci fir dee flotten Echange dee Si an dësem Kader organiséiert hunn an déi finanziell Ënnerstëtzung déi Si eis weisen.
TéléchargerScheckiwwerreeschung
En Donneschden de 10ten November 2023 huet d’IPA Lëtzebuerg a.s.b.l. (eng Frëndschaftsorganisatioun vir all Membere vun da Police) e Scheck vun 2.000€ un d’AVR (Association Nationale des Victimes de la Route) iwwerreecht. Si hunn ee Petanque Tournoi zu Bieles patronéiert (organiséiert vum Patrick Majerus, Member vun der IPA) an domadder dësen Don vir d’AVR erméiglecht.
Hinnen ee grousse Merci!
Scheckiwwerreeschung
Arval Luxembourg soutient l’Association nationale des victimes de la route (AVR).