4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons
Gedenktag/Video

Gedenkfeier 2022

D’ Gedenkfeier am Kader vum Welt-Gedenkdag un d’Stroossenaffer gouf den 19ten November um “Lieu du Souvenir” um CR132 tëschent Gonnereng an Eschweiler zu Jonglënster gefeiert.

Deel geholl un der Gedenkfeier, um Dag virun dem Weltgedenkdag vun de Stroossenaffer, hunn den Ierfgroussherzog, deen zanter 2002 den Haut Patronage vun eiser Associatioun huet, de Chamberspresident Fernand Etgen an den Här Vizepremierminister François Bausch, nieft Responsabele vun der Gemeng Jonglënster, dem Äerenzdall an der Staat Lëtzebuerg, Vertrieder vu Ministèren a Verwaltungen, dem CGDIS an der Sécurité Routière an ons Memberen.

Wa mir d’Zuele vum Transportministère vun 2021 kucke, waren et leider

  • 24 Persounen déi hiert Liewe verluer hunn
  • 267 Persounen si schwéier blesséiert ginn an
  • 975 Persounen hunn ee kierperlechen Schued erlidden.

Mir hunn un an all dës Leit an och un déi déi net an dëse Statistiken erfaasst sinn, wärend der Gedenkminutt geduecht.

No der Gedenkfeier huet d’Gemeng Jonglënster op ee Patt invitéiert a mir konnten fir d’aller éischte Kéier eise Video vum Making-Off vun eise Graffiti Sailen presentéieren. Dëse Summer hate mir zwee Atelieren am Kader vun eisen 30 Joer organiséiert wou mir mat eise Beneficiairen zesumme koumen a kreativ konnten ausdrécken wat mir mat der AVR verbannen.

Fotoen: © Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli