4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons
Gedenktag

Gedenkfeier 2021

D’ Gedenkfeier am Kader vum Welt-Gedenkdag un d’Stroossenaffergouf den 20ten November um “Lieu du Souvenir” um CR132 tëschent Gonnereng an Eschweiler zu Weymerich gefeiert.

D’Romaine Hendel, Administrateur vum Verwaltungsrot, huet sech em d’Molen vun de Steng gekëmmert. Dëst Joer hu mir een Stengkrees ugefaangen deen mir iwert déi nächst Joër weider fueren. Déi grouss Steng representéieren d’Persounen déi duerch een Verkéiersaccident hiert Liewen verluer hunn.

« Hëllef kënnt och vum Zesummen sin, mateneen eppes erliewen a machen.
Wann mer zesummen een Zeechen setzen, da spiere mer, mer sin net eleng.
En Zeechen kann villes sin. Dest Joer sollen Steng en Zeechen vum AVR fir d’Verkéiersaffer sin.
Steng hun vill Formen, d’Accidenter op der Strooss och.
Steng kënnen schwéier sin, Folden vun engem Accident machen d’Liewen schwéier.
Steng sin oft vun donkler Farw, Am Liewen vun Betraffenen gin et däischter an traureg Deeg.
Steng sin een Dehl vun enger Mauer. Undenken sin Stëcker vun eisem Liewen.
Steng hâlen zesummen a schützen. Erënnerungen verbannen an stärken.
Ob dem Cite leien 26 Steng an enger Spiral. D’Steng hun verschiedenen Formen, a si farweg gemolt mat verschiedenen Elementer.
26 Stëck, fir 26 Leit , déi laut Statistik am Joer 2020 am Stroosseverkéier hiert Liewen verluer hun. »
Romaine Hendel, 2021

Mir sinn eis bewosst, dass d’Statistiquen ni all d’Affer kennen opgräifen déi et am Strosseverkéier ginn. Dowéinst hu mir och kleng Steng gemoolt an d’Participanten vun der Feier konnten des notzen vir de Krees mat dëse Steng ze completéieren esou wéi Sie et vir richteg empfonnt hunn. Eng Partie Leit hun sech och een klengen Steen mat heem geholl als Glécksbrenger oder Rappel vir Opmierksam op de Stroossen ze sinn.

An Zuelen ausgedréckt haaten mir 2020:

– 26 Doudeger
– 217 Schwéierblesséierter
– 744 Liichtblesséierter