4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons

Interview vun eisem Präsident an eisem Vizepräsident

Interview vun eisem Präsident an eisem Vizepräsident

All 3. Weekend am November ass de Weltgedenkdag vun de Stroossenaffer. Et ass déi 25. Weltgedenkdag, leider steet och si ënnert dem Zeeche vu Covid-19. Dofir wäert d’Gedenkfeier am klengste Krees stattfannen, e Vertrieder vun der Equippe, Vertrieder vum Verwaltungsrot, e puer politesch Vertrieder an d’Presse.

Dem AVR ass et genau trotz dem Covid-19 wichteg dëse Weekend ganz besonnesch un jiddereen ze denken deen en Akzident hat.
E Samschden de Moien ass eng Sensibilisatioun op enger vun eise geféierleche Stroossen. Mëttes ass eng Zeremonie um 14:30 bei eisem Monument zu Weimericht/Jonglënster a Präsens vum Minister François Bausch, engem Vertrieder vum Familljeministère an engem Vertrieder vun der Gemeng Jonglënster.
Mir sinn immens dankbar, datt des Instanzen deen Dag vertruede sinn.
Et ass dëst en wichtegt Signal un eis Memberen.

Eise Präsident an eise Vizepräsident hunn sech am Virfeld vun eisem Dag scho mat der Thematik befaasst.
Dir fannt hei drënner hire Statement zur Sécherheet op eise Stroossen.

Interview Raymond SCHINTGEN, Präsident
Fir den Interview mam Armand JAMINET ze liesen, dréckt w.e.g. op Download.

D’Gedenkfeier gëtt gefilmt an e Sonden op eisem Site online gesat.
Mir wären iech Dankbar wann dir dëse Beitrag géingt deelen.

Fir 25 Euro kënnt Dir Member ginn an eis an eiser Aarbecht ënnerstëtzten.

Download