News
CHARITY CROSS 2018 vum MAACHER LYCEE
Den Maacher Lycée invitéiert op säin Charity Cross 2018,
Freides, den 11 Mee vun 9 bis 12 Auer
um Stade „Op Flor“ rue du Stade, L-6725 Grevenmacher.
Mir soen den Organisateuren an deenen villen Leefer villmools Merci. Duerch all gelaafen Kilometer sammelen si Suen, déi duerno un Associatiounen opgedeelt ginn, déi am sozialen Beräich een Projet era gereecht hunn. Dëst Joer gëtt och eis Organisatioun ënnerstëtzt.
Kommt all den 11 Mee Moies op Maacher an ënnerstëtzt d’Leefer!
7. brasilianischen Filmfestival
Einladung zum 7. brasilianischen Filmfestival vom 2. bis zum 9. Mai 2018.
Die Vereinigung der Verkehrsopfer (AVR) ist dieses Jahr Partner des brasilianischen Filmfestivals. Gezeigt werden am Eröffnungsabend ein Kurzfilm, gedreht im Rahmen des 25sten Geburtstages des Vereins sowie der Verkehrs-Spot „Sei nicht erreichbar. Sei vorsichtig!“
Nehmen auch Sie teil am Eröffnungsabend am 2. Mai um 19 Uhr im Kino Kinepolis Kirchberg. Das Filmfestivalprogramm finden Sie auf http://festivaldufilmbresilien.lu/.
Unser aufrichtiger Dank geht an die Organisatoren des Festivals :
ihr Engagement zeigt einerseits ihr Bemühen für mehr Verkehrssicherheit und andererseits tiefen Respekt für das Leben mit Langzeitfolgen von betroffenen Verkehrsopfer und ihren Familien.
DownloadEntrevue beim Minister Fransçois Bausch
Op Initiativ vum President Raymond Schintgen, hunn den Minister François Bausch an den Staatssekretär Camille Gira den 7. Februar eng Delegatioun vun der Association nationale des Victimes de la Route empfaangen. Themen waren déi schlëmm Stroossenaccidenter vun den leschten Wochen, d’Stroossebeem a gemeinsam Sensibiliséierungsaktiounen.
DownloadHär Paul HENDEL
D’Association nationale des Victimes de la Route
trauert ëm hiren Grënndungsmember den
Här Paul HENDEL
Member am Verwaltungsrot vun 1992 bis 2013
Mir soen dem Paul an senger Frau Romaine a ganz groussen MERCI
fir hiren onermiddlechen, engagéierten an solidareschen Asaz
fir d’Interessen vun den Verkéiersaffer.
Dem Romaine an den Kanner drëcken mir eist éierlecht Matgefill aus.