4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons
Gedenktag/Video

Weltgedenkdag vun de Stroossenaffer 2020

De 15. November 2020 ass den 25. Weltgedenkdag vun de Stroossenaffer. Den AVR huet an dësem Kader Samschdes de 14. November un all Mënsch geduecht, dee vun engem Stroossenaccident betraff ass.

Dës Joer war de Weltgedenkdag beaflosst vum COVID-19. Doduerch konnt just am klengste Kader eng Zeremonie um Site « Lieu du Souvenir des Victimes de la Route » ofgehale ginn. Den AVR huet dës Zeremonie vu FrameArt Media filme gelooss. Dir kennt hei klicke fir déi wichtegst Impressioune vun dësem Dag kennen ze erliewen. Duerch de staarke Wand ass et eis net méiglech Iech déi ganz Riede kennen ze weisen.

Hei déi wichtegst Zuele vum Joer 2019:
– 22 Mënschen huet hiert Liewe verluer duerch en Stroossenaccident
– 248 Mënsche si schwéier verwonnt ginn
– 1048 Mënsche si liicht blesséiert ginn

Moies huet de Conseil d‘Administration op der Streck N22 tëschent Bissen a Béiwen opmierksam gemaach datt eis Stroossen nach méi sécher gemaach musse ginn.

Den AVR seet e grousse MERCI un :
FrameArt Media fir d’Temoignagen an de Video vun eiser Zeremonie
Dem Grupp de Parole fir hier Apports personnels fir dësen Dag
Der Gemeng Jonglënster, dem Ministère de la Mobilité et des Travaux Publics, dem Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région fir hier Ënnerstëtzung
Jidderengem dee matgewierkt huet fir dësen Dag kennen ofzehalen