4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons
Gedenktag

Internationalen Gedenkdag vun den Verkéiersaffer 2016

Den Präsident Raymond Schintgen huet an senger Ried op déi grouss Zuel vun Verkéiersaffer vun 2015 opmierksam gemaach:

– 36 Doudeger, 1 méi wéi 2014,
– 319 Schwéierblesséierter, 74 méi wéi 2014
– an 1029 Liichtblesséierter, 48 méi wéi 2014.

„…Wéi wichteg d’Journée Mondiale des Victimes de la Route fir Victimen ass, hu mir virdrun gesinn, duerch déi grouss Zuel vun Betraffenen, déi haut Deel huelen. D’Madame Carine Nickels huet et fäerdeg bruecht, Wieder op dat Erliëwtent an och op d’Gefiller ze setzen. Net fir all betraffe Persoun sinn d’Etappen genau déi selwecht, an dach ginn et vill Gemeinsamkeeten.
Awer net nëmmen d’Journée ass wichteg, och d’Plaz, wou mir haut sinn, de Lieu du Souvenir ass vun immenser Wichtegkeet. Déi Betraffen mierken, do ginn et Leit, déi fir een do sinn, do ginn et Leit, déi all Dag fir méi Verkéierssécherheet schaffen.“