4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons

Internationalen Gedenkdag den 17. November 2018

D’Association nationale des Victimes de la Route huet am Kader vum internationalen Gedenkdag den 17. November 2018 den Verkéiersaffer vum leschten Joer geduet. Leider huet den Bilan vun den Stroossen, den sech 2017 verbessert hat, sech fir dëst Joer stark verschlechtert.

Den President Raymond Schintgen huet betount, dass d’Journée keen Dag ass fir ze kräischen an traureg Gesiichter ze maachen, mee fir op Konsequenzen opmierksam ze maachen a virun allem, Fuerderungen ze stellen. Well all Dag, wou an der Präventioun näischt geschitt, ee verluerenen Dag ass, wou vill Leit op eisen Stroossen hiert Liewen loossen oder schwéierblesséiert ginn.

Wat d’Stroossebeem ugeet, esou ass am Kader vun der Journée e Pilotprojet um CR 132 tëschent Jonglënster an Eschweiler virgestallt ginn, den gedroen gëtt vum MDDI, vun der Stroossebauverwaltung, der Ëmweltverwaltung an Natur an Ëmwelt.