News
Inclusioun, Integratioun oder just Diskriminatioun?
De Lieserbréif vum Carine Nickels behandelt en Thema, wat hir um Häerz leit.
Zanter hiren Autosaccident sëtzt si am Rollstull a ass gelähmt.
Konferenz "Modes d'Emploi"
Bei der Konferenz „Modes d’Emploi“ am Kader vum Internationalen Dag vun Mënschen mat enger Behënnerung, deen sech dëst Joer hei am Land, mat dem Aarbechts- a Beruffsliewen vun deenen Betraffenen beschäftegt, kommt den AVR seng zwee Programmen COACHING an TREMPLIN virstellen.
Den COACHING ass en Begleedungsprogramm fir jonk Leit, déi en schlëmmen Hirn-Schädel-Trauma haten, besser bekannt ënnert Koma-Patienten.
Den TREMPLIN / SPRANGBRIET ass een Hëllefsprogramm fir den Sprong erëm an d’Aarbechtswelt ze packen.
Autocenter Goedert Young Drivers Day 2016
120 jonk Leit hunn den 3. Juli ze Colmar-Bierg um Young Drivers Day deelgeholl mat dem Ziel nach besser a méi responsabel op der Stroossen ënnerwee ze sinn. De President vum AVR, Raymond Schintgen an de Philippe Faber hunn témoignéiert, wéi sech am Brochdeel vun enger Sekonn e ganzt Liewen verännert an och dat vun der ganzer Famill.
An deem Kader sinn 3 Chèquen vun dem AVR iwwerreecht ginn am Numm vu Young Drivers asbl (750€), vu BMW Motorsport (500€) an vun AUDI Motorsport (500€).
Mir soen allen Donateuren e ganz grousse MERCI, besonnesch Young Drivers Day asbl, dass si dësen Dag organiséiert hunn, a ganz besonnesch dem
Initiateur a Coordinateur Marc Lis fir säin Engagement.
Vorstellung der Verkehrsunfälle für Luxembourg 4. Mai 2016
30% mehr Schwerverletze 2015 auf Luxemburger Straßen,
AVR wünscht sich mehr Verständnis für alle Maßnahmen der Verkehrssicherheit.
Raymond SCHINTGEN
Präsident AVR