4, rue Joseph Felten L-1508 HowaldTel +352 26 43 21 21 reconnue d'utilite publique Dons

Autocenter Goedert Young Drivers Day 2016

Autocenter Goedert Young Drivers Day 2016

120 jonk Leit hunn den 3. Juli ze Colmar-Bierg um Young Drivers Day deelgeholl mat dem Ziel nach besser a méi responsabel op der Stroossen ënnerwee ze sinn. De President vum AVR, Raymond Schintgen an de Philippe Faber hunn témoignéiert, wéi sech am Brochdeel vun enger Sekonn e ganzt Liewen verännert an och dat vun der ganzer Famill.

An deem Kader sinn 3 Chèquen vun dem AVR iwwerreecht ginn am Numm vu Young Drivers asbl (750€), vu BMW Motorsport (500€) an vun AUDI Motorsport (500€).

Mir soen allen Donateuren e ganz grousse MERCI, besonnesch Young Drivers Day asbl, dass si dësen Dag organiséiert hunn, a ganz besonnesch dem
Initiateur a Coordinateur Marc Lis fir säin Engagement.