Äddi Romaine!
Äddi Romaine!
D’Association nationale des Victimes de la Route verléiert ee vun senge Grënnmemberen.
Mat hirem Mann Paul wär d’Romaine HENDEL-THORN eng vun de Séilen déi den AVR vun Ufank u gedroen hunn. Hatt ass mat dat Eenzegt wat all di Joren ni lass gelooss huet.
Diskret huet et den Oflaf verfollegt vun der deemools neier Associatioun. Wa mir eis un déi villfälteg Thematiken erugetaascht hunn, fir déi den AVR sollt stoen, huet d’Romaine, mat senger Intelligenz, Diplomatie, Empathie a Kompetenz, ëmmer zum richtege Moment säi Pefferkär bäigedroen. An dëst ëmmer am Sënn vun de Verkéiers-Affer. Dat ass och haut nach eng vun de Stäerkte vun der AVR.
D’Romaine huet sech mat der Zäit zu engem Pilier vum AVR entwéckelt, well hatt, duerch de Paul, di facettëräich Säit vum Verkéiers-Affer kannt a verstanen huet a gläichzäiteg di oft komplex a verkannte Säit vum Entourage vum Affer verkierpert huet.
Esou no wéi hatt um AVR a senge Membere wär, esou stäerk wär seng Ausstralung no bannen a no bausse vun der Associatioun. D’Romaine hannerléisst nëmme Guddes.
Romaine, Merci datt s du eis e Stéck Wee begleet hues. Merci vir alles !
D’Memberen vum Verwaltungsrot, déi fréier Presidenten vun der AVR an d’professionellt Equipe drécken hir opriichteg Bäileed un déi ganz Famill vu Romaine aus, a besonnesch un hir Duechter Nadine, déi d’Nofolleg vun hiren Elteren an eiser Associatioun ugetrueden ass.
Auf Wiedersehen, Romaine!
Die Association nationale des Victimes de la Route (AVR) hat soeben eines ihrer Gründungsmitglieder verloren.
Gemeinsam mit ihrem Ehemann Paul gehörte Romaine HENDEL-THORN zu den Menschen, die die AVR seit ihren Anfängen getragen haben. Sie war eine der wenigen, die all die Jahre hindurch niemals aufgegeben hat.
In aller Zurückhaltung hat sie den Werdegang unserer damals noch jungen Vereinigung begleitet und mitgestaltet. Als wir die zahlreichen Themen aufgriffen, für die sich die AVR einsetzen sollte, verstand es Romaine dank ihrer Intelligenz, ihrer Diplomatie, ihres Einfühlungsvermögens und ihrer Kompetenz stets, im richtigen Moment den nötigen kritischen Akzent zu setzen – und immer im Interesse der Opfer von Verkehrsunfällen. Das ist auch heute noch eine der Stärken der AVR.
Im Laufe der Zeit wurde Romaine zu einer tragenden Säule der AVR. Dank Paul hatte sie gelernt, die vielfältigen Facetten der Verkehrsunfallopfer kennenzulernen und zu verstehen, und zugleich verkörperte sie die oft komplexe und missverstandene Rolle des Umfelds der Betroffenen.
Je näher sie der AVR und ihren Mitgliedern kam, desto größer wurde ihr Einfluss – sowohl innerhalb der Vereinigung als auch darüber hinaus. Romaine hinterlässt ausschließlich ein positives Vermächtnis.
Romaine, danke, dass du uns auf unserem Weg begleitet hast, danke für alles!
Die Mitglieder des Verwaltungsrates, die ehemaligen Präsidenten der AVR sowie das professionelle Team sprechen der gesamten Familie von Romaine ihr aufrichtiges Beileid aus, insbesondere ihrer Tochter Nadine, die das Engagement ihrer Eltern innerhalb unserer Vereinigung fortführt.