Gold vir d’Campagne „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“
![Gold vir d’Campagne „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“](https://avr.lu/wp-content/uploads/2022/10/Leo-Award_Gold-564x400.jpg)
Bei de Leo Awards 2022 sinn de 6ten Oktober 2022 déi bescht Publicitéitscampagnen ausgezeechent ginn.
An der Kategorie „Non Profit Campaign“ ass Gold un d´Campagne „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“ gaangen. Dëst ass e Projet dee vun der AVR an Zesummenaarbecht mat „Frame Art Media“ an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten realiséiert gouf.
Mir si richteg houfreg iwwer dëse Präis a soe „Frame Art Media“ ee grousse Merci fir di aussergewéinlech flott Kooperatioun.