reconnue d'utilite publique Dons

Weltdag vun de Stroossenaffer 2019

Weltdag vun de Stroossenaffer 2019

De 16. November 2019 war nees de Weltgedenkdag vun de Stroossenaffer. An dësem Kader gouf um Site „Lieu du Souvenir des Victimes de la Route » zu Jonglënster eng Zeremonie ofgehalen, fir un d’Léit, déi op eise Stroossen gestuerwe wéi och deene Léit, déi blesséiert gi sinn, ze gedenken. Dëst Joer huet d’Zeremonie d’Thema vun den d’Motorradsfuerer opgegraff. 2018 si 36 Mënschen op eise Stroossen ëm d’Liewe komm, dovun 9 Motorradsfuerer. Dofir stoungen 9 Still mat 9 Motorradshelmer do. 273 Mënsche si schwéier blesséiert ginn, dovun 71 Motorradsfuerer, 71 Motorradshändche sinn opgehaange ginn an 71 Blumme stoungen als Symbol fir dës Mënschen do.

E grousse Merci :
• un Charity Bikers Lëtzebuerg fir dee generéisen Don am Wäert vun 3600€ fir d’Aktivitéite vum AVR ze ënnerstëtzen
• un FrameART fir en néie Spot, dee méi spéit präsentéiert gëtt
• un d’Gemeng Jonglënster fir seng Hëllefsbereetschaft an un all déi Bedeelegt waren
• un de Groupe de Parole fir seng Aarbecht an der Virbereedung vun dëser Journée.